RTL - Tiebreak
  • RTL Radio Lëtzebuerg
10 episodes
De Magasinn vun der Lëtzebuerger Tennis-Federatioun

Episodes

FLT: Tennis Magazin Tiebreak, 03/09/2020 18:15
2020 Sep 03
Bei der Lëtzebuerger Tennisfederatioun hofft een, trotz Coronavirus, esoulues nees an eng gewësse Normalitéit eranzekommen. Souwuel déi Responsabel wéi och d'Spiller vun alle Alters-Kategorien freeën sech schonn op den Lëtzebuerger Outdoor-Championnat. Muer geet et um Nationalen Tenniszenter zu Esch, no der Coronapaus, mam éischte grousse Rendezvous hei am Land lass, an e Sonndeg-8-Deeg stinn dann och an der héchster Kategorie d'Successeuren vun Ugo Nastasi an Marie Weckerle fest. Den Tennis Magazin Tiebreak vun haut, mam Franky Hippert:
Tiebreak: De Magasinn vun der Tennis-Federatioun, 06/08/2020 18:15
2020 Aug 06
Wéinst der Cornonakris, ginn hei zu Lëtzebuerg nach keng Tennis Kompetitioune gespillt. International gesinn, sollen awer Enn vum Mount d´US Open ufänken. Et wier dann réischt deen zweete Grand Slam Tournoi, no den Australien Open am Januar,  deen dëst Joer gespillt géif ginn. Dat ass Thema haut am Tiebreak, dem Magasinn vun der Tennis Federatioun, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt.
Tiebreak: De Magasinn vun der Tennis-Federatioun, 02/07/2020 18:20
2020 Jul 02
Duerch de Covid-19 ass den Tennis-Sport quasi op Äis geluecht. An dat national wéi och international. An dat huet natierlech och Repercussiounen op den Davis- a Fed-Cup. Dat ass Thema am Tiebreak, dem Magasinn vun der Tennis-Federatioun, deen iech haut vum Rich Simon presentéiert gëtt.
Tie-Break, 04/06/2020 18:15
2020 Jun 04
Esou lues awer sécher kennt nees e bëssen Normalitéit an d'Sportswelt zeréck. Dat zielt och fir den Tennis. Am Tie-Break dem Magasinn vun der Tennis-Federatioun dréit sech dann och alles ëm déi aktuell Trainingsméiglechkeeten.
Tie-Break: De Magasinn vun der Tennis Federatioun, 02/04/2020 18:15
2020 Apr 02
Genee wéi aner Sportaarten gëtt natierlech och keen  Tennis den Ament wéinst der Corono-Kris gespillt. Am Tie-Break, dem Magasinn vun der Tennis Federatioun, kuckt de Rich Simon ënnert anerem mam President vun der FLT wéi d´Situatioun hei zu Lëtzebuerg ass.
Tie-Break de Magazin vun der Tennis-Federatioun, 05/03/2020 18:15
2020 Mar 05
Ugangs Februar war de Fed Cup zu Esch. Am Europa/Afrika Grupp 1 hunn d'Lëtzebuergerinnen géint Schweden, Serbien an Tierkei mussen untrieden. Am Tie-Break, dem Magasinn vun der Tennis Federatioun, kuckt de Rich Simon op dëst Event zeréck....
Tiebreak: FED-Cup, 06/02/2020 18:15
2020 Feb 06
Zanter gëschter ass de FED Cup amgaangen. D´Lëtzebuergerinnen hunn um éischten Dag 1-2 géint Schweden verluer. Haut spillen si zu Esch am Nationalen Tennis Zenter géint Serbien. Am éischte Match huet d´Laura Correia an 2 Säz géint d´Olga Danilovic verluer. Schonns virum Tournoi war et d´Nouvelle, dass d´Mandy Minella wéinst enger Gripp net kéint spillen. Am Tie-Break vun haut schalte mir elo live op Esch bei de Rich Simon deen och eng Spillerin bei sech huet déi net ka spillen.....
Tie-Break de Magazin vun der Tennis-Federatioun, 02/01/2020 18:15
2020 Jan 02
Och an dësem Joer ass dës Plaz 1x de Mount fir d'Tennis-Federatioun reservéiert. Am éischten Tie-Break vum Joer kuckt de Rich Simon zesumme mam President vun der FLT zeréck op 2019, an awer och no vir op déi nächste Méint, déi kommen.
Tie-Break de Magazin vun der Tennis-Federatioun, 05/12/2019 18:15
2019 Dec 05
Am Tie-Break, dem Magazin vun der Tennis Federatioun, dréint sech haut alles ëm de Masters dee viru kuerzem zu Esch am nationalen Tenniszenter gespillt gouf. Bei den Damme gouf et ee Succès fir Tiffany Cornelius a bei den Häre fir de Gilles Kremer. De Rich Simon kuckt op dëst Evenement zeréck....
Tie-Break de Magazin vun der Tennis-Federatioun, 07/11/2019 18:15
2019 Nov 07
Dacks huet een net Geleeënheet fir déi beschte Lëtzebuerger Tennisspiller bei eis am Land ze gesinn. An de leschte 4 Wochen war dat awer de Fall. Am Tie-Breakl, dem Tennis Magazin vun der Federatioun, kuckt de Rich Simon zeréck op déi lescht Wochen an awer och no vir, wat nach alles kënnt.